80 Joer as schon e laangen Dag, ma dovunner sin ech laang Joeren
Member vum Veräin an elo zenter 20 Joer Member vum Comité.
Ech kann mech nach erenneren wei ech mat menger Mamm un den
Versammlongen mat deelgeholl hun a wei mir 1963 beim Blumencorso mat engem Won an enger Grupp derbäi waren.
1980 hun ech eng Hand am Comité mat ugepackt fir den 60.
Veräinsjubiläum ze prepareieren. Dat waren nach schein Zäiten
wou d'Memberen gud zesummen gehalen hun an gären mat eis
gefeiert hun.
Mee leider huet dat an deenen leschte Joeren drasteg ofgeholl. Mir
haten emmer schein an gutt besichte Versammlongen mat bis zu 60
Memberen, mee an de leschte Joeren sin mir frou wann 20 Leit do
sin fir mat eis e scheinen Nometteg ze verbrengen.
1997 sin ech als Presidentin gewielt gin, nodeems dei Hären Krier a
Kayser aus Altersgrenn hir Demissioun gin hun. Et war guer net mei
sou einfach an deenen leschten drei Joeren ons Memberen ze motiveieren fir matzeschaffen. Ech war frou dat ech onsen gudden
Sekretär/Caissier hat, deen mat mengem Meedchen de Veräin ee
Joer lang gefouert huet. No deem Joer as et awer nees biergop gaangen. Drei weider Memberen hun sech bereed erklärt mat ze schaffen, sou dat mir am Moment zu sechs Leit am Comité sin. Ech hoffen, an ech wäer frou, wann nach jonk Leit sech geiwen an de Veräin
mellen, fir dat mir eisen 100. Geburtsdag mat deem selwechten Elan
kennen feieren.
Ech well zum Schluss awer net vergiessen dem Organisatiounscomité e grousse Merci ze soen fir dei leiw Ennerstetzung an dei vill
Aarbecht dei an deenen leschte Meint geleescht gouf. Ech sin frou
dat alles esou gutt geklappt huet.
Jeanny SCHOCKMEL-ELCHEROTH
Presidentin vun
«Les Amis de la Fleur» Esch/Uelzecht